Chamber mat PewDiePie-Petitioun getrollt

PewDiePie

D’Méiglechkeet Petitiounen anzereechen an ze ënnerschreiwen, gouf et zu Lëtzebuerg scho laang, mee sou wierklech bewosst, ass dem Bierger dëse wichtegen demokrateschen Outil eréischt viru véier Joer ginn, well wärend et fréier just méiglech war, Petitiounen op Pabeier der Chamber ze iwwerreechen, kann säit enger Reform 2014 all Bierger online, iwwert de Site vun der Chamber, seng Ënnerschrëft ënnert eng Petitioun setzen oder selwer eng lancéieren. A vun dëser Méiglechkeet ass an deene leschte Joeren och oft Gebrauch gemaach ginn. 660 Petitioune goufen zanter der Aféierung vun der Online-Petitioun agereecht. Dat sinn der duebel esou vill, wéi am Zäitraum vun 1945 bis 2014.

Petitiounen erzeugen Ëffentlechkeet: Net nëmmen gëtt oft an de Medien iwwert déi nei Petitioune geschwat, och den ëffentlechen Hearing an der Chamber, op déi all Petitionär een Urecht huet, wann seng Propose iwwer 4.500 Supporter fënnt, suergt fir Opmierksamkeet. Deene meeschte wäert d’Petitioun vum Lucien Welter iwwert d’lëtzebuergesch Sprooch an Erënnerung bliwwe sinn, déi maassgeeblech dofir gesuergt huet, dat dëst d’Thema de Wahlkampf 2018 bestëmmt huet. Och aner Themen, goufen duerch d’Petitiounen op déi politesch Agenda gesat.

Net ëmmer allerdéngs, sinn déi agereechte Petitiounen der Weisheit letzter Schluss: Dat beweist och elo eng Petitioun, mat deem een Troll probéiert huet, eng Diskussioun iwwert de PewDiePie an der Chamber ze erzwéngen. Den ëmstriddenen YouTube-Star bedreiwt elo scho säit Joeren deen am meeschten abonnéierten Kanal op der Videoplattform. Säit e puer Méint allerdéngs, ass him een indesche Musekskanal op de Fersen, deen hien an der Abonnentenzuel ze iwwerhuelen dreet. Seng Fans probéieren dat mat alle Mëttelen ze verhënneren a fuerderen op alle Kanäl Leit dozou op de PewDiePie ze abonnéieren. Wat als Aktioun vu Fans ugefaangen huet, ass schnell zu engem Meme vun Trolls ginn, déi op méi oder wéineger humorvoll Art a Weis op déi “dramatesch Lag” am YouTube-Kosmos opmierksam maache wëllen. Den anonymen Petitionär gehéiert wuel zu leschterer Kategorie. “PewDiePie est l’éducateur principal d’enfants âgés de 9 ans à 9 ans et 11 mois. PewDiePie est notre lumière.” schreift hien oder sie an der Begrënnung zu der Petitioun.

Wäert et elo also dozou kommen, dat tatsächlech an der Chamber iwwert de PewDiePie debattéiert muss ginn? Wuel éischter net. D’Petitiounskommissioun sëtzt nämlech um laangen Hiewel: Si décidéiert, ob Petitiounen iwwerhaapt zougelooss ginn. An esou huet een dem Spaassvugel dësen Troll-Versuch net einfach duerchgoe gelooss. D’Petitioun wier net vun ëffentlechem Interessi a géif d’Ethik-Richtlinne net erfëllen, huet d’Kommissioun geuerteelt. Et kann een also berouegt sinn: D’Mëssbrauchspotenzial vu Petitiounen ass am Endeffekt dach relativ geréng.

Jeff Croisé

Redakteur

Das könnte Dich auch interessieren …

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Ich akzeptiere

51 + = 58