E-Sports am Koalitiounsaccord verankert

 

No wochelaange Berodungen hannert zouenen Dieren, hu sech DP, LSAP an Déi Gréng elo op ee Koalitiounsaccord gëeenegt. No enger ofschléissender Sëtzung haut de Mëtteg, hunn déi dräi Koalitionären dat 242 Säiten déckt Dokument ënnerschriwwen. “Ambitiéis, gerecht an nohalteg” soll de Programm sinn, deen ee fir déi nächst fënnef Joer ausgeschafft huet. D’Digitaliséierung schéngt ee vun de Schwéierpunkten vun der neier, aler Regierung ze sinn, steet dëst Kapitel dach erstaunlech wäit vir am Accord.

Fir d’Gaming Communautéit zu Lëtzebuerg kéint virun allem ee Paragraph zum Thema E-Sports interessant sinn. Fir d’éischt Kéier iwwerhaapt gëtt dësen an engem lëtzebuergesche Koalitiounsaccord erwähnt. Op Säit 82 vum Accord erkennt déi nei Regierung d’Croissance vum E-Sports-Phänomen a seng gesellschaftlech an ekonomesch Bedeitung un. Et géif een dëst evaluéieren fir dem E-Sport ee legale Kader ze ginn an dësem zur Unerkennung a Weiderentwécklung ze verhëllefen. Detailer, wéi een dat genau bewerkstellege wëll, goufen net genannt.

“L’envergure croissante du phénomène e-sport, qui prend de plus en plus d’ampleur aussi bien du point de vue économique que du nombre de pratiquants, est bien connue. Les enjeux de ce secteur d’activité nouveau, tant économiques que sociaux, seront évalués et par la suite un cadre juridique et réglementaire cohérent et prospère à son développement et à sa reconnaissance sera proposé”

Dat den E-Sport an d’Kapitel “Sport” opgeholl gouf, verdäitlecht, dat d’Regierung den E-Sport duerchaus als Sport ugesäit. Dat ass net selbstverständlech. Nach d’lescht Woch huet den hesseschen Inneminister Peter Beuth (CDU) behaapt, E-Sport hätt näischt mat Sport ze dinn an dëse Begrëff misst “ausradéiert ginn”.

 

Foto: Zquare.es / artubr (Flickr)

Jeff Croisé

Redakteur

Das könnte Dich auch interessieren …

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Ich akzeptiere

− 2 = 3