E-Sports zu Lëtzebuerg
De Sportminister Romain Schneider huet e Méindeg eng Parlamentaresch Fro beäntwert déi mëttlerweil op europäeschem Niveau ausdiskutéiert gëtt.
Scho bëssi méi laang ass hei zu Lëtzebuerg eng méi lass. E puer Clans hunn sech kennen zu Lëtzebuerg etabléiere an och déi sinn all gréisstendeels dofir datt E-Sports zu Lëtzebuerg als Kompetitiouns Sport unerkannt gëtt. Et ginn ëmmer méi FIFA, Fortnite, League of Legends oder nach CS:GO Turnéiere hei am Land organiséiert. Dei Zort Events zeien all kéiers nees méi a méi Leit un. De Succee vun den E-Sport huet viru puer Joer zu Lëtzebuerg Fouss gefaangen, mee wéi gesäit et op der Politescher Säit aus.
D’Fro déi sech eben elo fir den Här Minister stellt ass, ob E-Sports wierklech eng Physesch Sportlech Ustrengung ass oder net…

Luxembourg Gaming Xperience am CASINO2000
Wat mengen déi aaner?
Wei verschidden Organisatiounen zu Lëtzebuerg (11F, We Live Games, Videogames.lu a Sweet Spot) betount hu wier et endlech Zäit fir Lëtzebuerg un de Gaming Marché ze bréngen an och een Daachverband ze kreéieren deen op engem nationalen Niveau d’E-Sports reegele géing.
Eiser Meenung no kennen Videospiller och een Sport sinn, ënnert der Konditioun, notamment dat et e kompetitiivt Spill ass (CS:GO, League of Legends, Fortnite..).
De Sportsministère an de COSL mussen elo erkennen datt d’E-Sports um Komme sinn an dat et eng Rëtsch, souguer Zich voll gi mat Leit déi kompetitiv Spillen.