MPOAI elo op LuxTube

MPOAI elo op LuxTube

11. April 2020 0 Von Peter

Ween kennt dat net, et gëtt een sech Méi e Video ze produzéieren an da geet en op Youtube einfach ënner, well hiren Algorithmus net fir de Lëtzebuerger Content ausgeluecht ass an erwaart dass een iwwert eng Millioun Views muss hunn bevir een iwwerhaapt ugewise gëtt. An dann ass et mol net relevant zu dem wat ee sicht well bei 620’000 Awunner ass et net méiglech des Zuelen ze erreechen.

Dofir hu mir vu MPOAI des nei Plattform mat dem Numm LuxTube lancéiert. LuxTube soll hëllefe Content vu Lëtzebuerger, b.z.w. vu Leit déi zu Lëtzebuerg liewe méi einfach accessibel ze maachen, sou dass deen net méi ënner geet. Och offréiere mir des Plattform gratis an den Ënnerhalt gëtt vun eis duerch Don’e finanzéiert.

Och wann des Plattform nach ganz nei ass, sou fennt een do elo schonn vill originale Content, an mir wéilten och dech op dëser Plattform begréisse kennen. Wann s du also e „Content-creator“ oder „Influencer“ bass dann zéck net dech och bei LuxTube unzemellen an deel ze ginn vun enger neier Era fir Lëtzebuerger Video’en.