Schweden senkt Steieren op Reparaturen

Schweden huet d’Steieren op Reparature vu Vëlo’e, Kleedung a Schong em 50% gesenkt. Dat erméiglecht dem Konsument éischtens Geld ze spueren an zweetens dem Commerçant eng besser Marge an domat méi Profit op Reparaturen ze generéieren.

Aus de Schong kuckt d’Zéif, aus dem Pneu kennt Loft an d’Auer tickt net méi richteg… Dat reparéiert een! Klengt logesch?! Mëttlerweil souguer méi lukrativ a méi bëlleg fir de Client. Zugläich kann een domat och den Offall reduzéieren. Mat reduzéierte Steiere well dat Skandinavescht Land eng “Wegwerf” Mentalitéit aus de Käpp vum Land kréien. Hoffentlech zeien aner Natiounen no.

Das könnte Dich auch interessieren …

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Ich akzeptiere

− 7 = 2